New Term of the Board of Directors
- Article
- Press release
- 13 Dec 2024
A renewed team to continue nearly 80 years of solidarity-driven commitment

©Lala La Photo
Board of directors of Œuvre Nationale (mandate 2024-2029)
On November 29th 2024, Prime Minister and Minister of State Luc Frieden appointed the members of the Board of Directors of the Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte for the 2024–2029 term, which began on December 4, 2024.
A diverse team in service of the public good
Mrs.Danièle Wagener has been reappointed as president and will be joined by Mrs. Simone Flammang, vice president, and Mr. Carlo Thelen, general secretary. The new board, composed of 13 members with diverse and complementary backgrounds, reflects the Œuvre Nationale's commitment to addressing the social, cultural, and environmental challenges of our time.
We would like to sincerely thank our outgoing members Mrs. Andrée Billon, Mr. Henri Grethen, and Mr. Georges Keipes for their tireless dedication over the past years. Their expertise, commitment, and humanity have left a lasting mark on the work of Œuvre. Each of them has contributed, through their ideas and efforts, to strengthening our institution and supporting transformative projects.
A term rich in accomplishments
Mrs. Danièle Wagener reflects on the major accomplishments of the 2019–2024 term. One key milestone was the development of an ambitious and participatory strategy designed to guide the actions of Œuvre for the next five years.
In the face of major crises – the reception of refugees, the pandemic, flooding – Œuvre responded quickly, implementing adapted project calls and supporting initiatives that made a real difference on the ground.
Mrs. Wagener also highlights the importance of the reforms undertaken.
Strengthening our governance and consolidating the legal monopoly of the Loterie Nationale have been and will remain essential challenges to ensure the longevity of our mission.
Danièle Wagener President of the Board of Directors of the Œuvre Nationale
A future focused on action and support
With this new term, Œuvre is embarking on a determined transformation as it approaches its 80th anniversary: evolving from a financial role to that of an active field player, capable of supporting and catalyzing lasting change. This ambition is built on three pillars: more targeted and faster assistance, modernized communication, and strengthened governance.
What inspires me the most are the encounters with those who work every day for the most vulnerable. Their commitment and respect for those they support remind us of the collective strength that drives Œuvre.
Danièle Wagener President of the Board of Directors of the Œuvre Nationale
Discover the video of this inspiring review that highlights the essential role of Œuvre in supporting projects and initiatives that strengthen our society.
For nearly 80 years, Œuvre Nationale has been committed to meeting society’s needs by inspiring change and contributing to a more supportive, innovative, and sustainable future.
Transcription de "Danièle Wagener: Looking back on a term rich in achievementstitle"
Œuvre Nationale: Réckbléck an Ausbléck
Wéi eng Momenter oder Realisatiounen hunn Iech als Presidentin wärend Ärem Mandat am meeschte gepräägt?
Datt mir et fäerdeg bruecht hunn eng Strategie fir déi nächst fënnef Joer ze entwéckelen. Dat war fir mech ganz wichteg an ass bestëmmt den Héichpunkt vu menger Mandatur. Ech gesinn dat als d’Grondstee vun eiser Aarbecht fir déi nächst fënnef Joer: eng Roadmap, déi mir no an no ofschaffen. A wou ech och ganz frou driwwer sinn, dat ass, dass et e participative Prozess war. Dat heescht mir hu mat de Leit um Terrain geschafft: d’Associatiounen, d’Ekipp vun der Œuvre an der Loterie, an natierlech och mam ganze Verwaltungsrot.
Gëtt et e Projet, deen d'Œuvre ënnerstëtzt huet, deen Iech besonnesch um Häerz läit?
Et ass schwéier fir mech, fir ee Projet ervirzehiewen, mee ech géif soen: et sinn déi Momenter, wou eis Gesellschaft duerch eng richteg Kris gaangen ass. Egal ob sozial Kris, Ëmweltkris oder Gesondheetskris – et sinn déi Momenter, wou d’Œuvre wierklech konnt agräifen an en Ënnerscheed maachen. Ech denken z. B. un d’Flüchtlingskris, un d’Iwwerschwemmungen, oder och un d’Pandemie. Dat waren immens wichteg Projeten. An dann och, wa mir mat Experten zesumme geschafft hunn, Table-rondes organiséiert hunn, an dann no den Table-Rondes Appels à projets gemaach hunn. Dat heescht, d’Associatioune gefrot hunn, fir Projeten anzereechen. Do konnte mer wierklech de Besoinen um Terrain gerecht ginn, a wierklech hëllefen um Terrain Problemer ze léisen.
Wat waren déi gréissten Hindernisser, déi Dir als Presidenten hutt missen iwwerwannen?
Erausfuerderunge sinn et der méi ginn – a glécklecherweis, well dat hunn ech nawell ganz gären. Eng grouss Erausfuerderung war d’Gouvernance vun der Œuvre ze iwwerpréiwen an ze stäerken. Dat ass fir mech de Sockel vun all den Aktivitéiten vun der Œuvre. Eng aner Erausfuerderung war, dass mir onbedéngt wëllen dohikommen, dass d’Loterie Nationale de gesetzleche Monopol kritt, also déi eenzeg bleift, déi zu Lëtzebuerg Glécksspiller dierf organiséieren. Fir dat z’erreechen, hu mir 12 Ministèrë gesinn an déi informéiert a probéiert z'iwwerzeegen, dass mer sollten alleguer zesummen an déi Richtung goen. Nach eng Erausfuerderung war natierlech dëse Summer den Detournement vu Fonge bei Caritas an de Skandal, deen doraus entstanen ass. An dann de Fait, dass am ganze soziale Secteur och d'Acteuren elo Probleemer hunn, well d'Leit kee Vertraue méi hunn. Och do hu mir als Œuvre probéiert proaktiv eng Äntwert ze fannen.
Hutt Dir eng perséinlech Erënnerung, déi Iech wärend Ärer Zäit als Presidentin besonnesch markéiert huet?
Meng beschten Erënnerunge sinn, wann ech konnt um Terrain den Acteure begéinen, den Associatiounen, déi sech ëm Mënschen an Nout këmmeren. Hir Aarbecht ze gesinn, hiert Engagement, an de Respekt, deen si de Betraffene géintiwwer hunn – dat si meng allerléifste Momenter vun der leschter Mandatur.
Wann Dir op en neits Presidentin vun der Œuvre Nationale gitt, wéi eng Verännerungen oder Prioritéite wéilt dir an Zukunft ëmsetzen?
Dank der Strategie, déi mir ausgeschafft hunn, si mir elo an engem Transformatiounsprozess dran, wat ganz flott ass a ganz spannend. Mir hu véier Haaptobjektiver definéiert: Éischtens, eis Hëllefspolitik um Terrain méi präzis maachen: Besoinen nach besser erkennen a méi séier a méi effizient reagéieren. Dozou gehéiert och, méi staark op Fuerschung zeréckzegräifen an iwwergräifend zesummeschaffen. Zweetens, eis Kommunikatioun weiderentwéckelen: mat engem neie Site, enger erneierter visueller Identitéit a méi relevanten Inhalter – wéi Podcasts. An drëttens: d’Gouvernance am A behalen a permanent upassen. An och wann ech der usech dräi wollt nennen: et ass e véierte ganz wichtege Punkt dobäi komm – de gesetzleche Monopol vun der Loterie. Firwat? Well en eis erméiglecht, Spiller:innen besser ze schützen an duerch eng Politik vum jeu responsable besser ze begleeden.
D’Œuvre kritt geschwënn hier 80 Joer. Wéi gesitt dir d'Roll- vun der Entitéit an de kommende Joren evoluéieren? Wat soll sech änneren?
D’Œuvre ass effektiv eng eeler Dame oder eng al Dame, déi sech awer an engem Stéck a Fro stellt an erneiert. Dat wat ech well soen ass: Ech géif mir wënschen, dass d’Œuvre vun engem Financier, dat heescht enger Institutioun, déi haaptsächlech Projete fiancéiert, evoluéiert zu engem Acteur um Terrain, dee Verännerungen an eiser Gesellschaft begleet, ënnerstëtzt a souguer provozéiert. An dat an eise fënnef Beräicher: Soziales, Kultur, Ëmwelt, Sport & Gesondheet a Mémoire & Patrimoine.
Wat hutt Dir perséinlech aus dëser Erfarung als Presidentin vum Conseil d'Administration geléiert?
Do well ech just ee Wuert soen, an dat ass Respekt. Respekt, deen ech gewonnen hunn, well ech d’Acteur:innen um Terrain besser kennegeléiert hunn. Respekt fir d’Mënschen, déi sech fir e bessert Liewe fir sech an hir Famill asetze. Respekt fir d’Mataarbechter:innen vun der Œuvre a vun der Loterie, an och fir d’Direktioun, déi sech onermiddlech asetzen, fir datt mir am Verwaltungsrot Projeten evaluéieren an ënnerstëtze kënnen. An natierlech och Respekt fir meng Kolleeg:innen am Verwaltungsrot, déi bénévolat a mat vill Engagement fir d’Œuvre schaffen.
Discover all the members of the new Board of Directors of Œuvre Nationale.
Partager sur